Privatclienten

Exklusiven All-in-One IT Support


'The Times They Are a-Changin'
- Bob Dylan


No 5 super Joren Service an Déngschtleeschtungen un eise Clienten aus engem physikalesche Geschäft eraus zu Jonglënster, hu mir beschloss eis Privatclienten e neie Level un IT Support unzebidden, dee momentan néierens zu Lëtzebuerg ze fannen ass. Amplaz dat mer e Buttek hunn, wäerte mer an Zukunft ausschliisslech mat engem All-In-One Package schaffen, vue dat an der moderner IT-Welt et esou muss lafen dat permanent dono gekuckt gëtt.

Eriwwer ass déi Zäit wou der mat Urgencë musst an de Buttek komme well et schonn ze spéit war fir d'Katastroph ze verhënneren.

An de leschte puer Joren hu mir eise Geschäftsclienten änlech Servicer ugebueden, mat ganz groussem Succès. Des Servicer bidde mer elo an ofgewandelter Form un fir de Privatclient, et gëtt Zäit, dëse bei iech heemzebréngen. No laanger Aarbecht an dank modernen Automatiséierungstechnologien si mer houfreg Iech folgend Offer elo kënnen unzebidden:

CRW RMS - Remote Managed Servicer

Mat eiser RMS Léisung kritt Dir exklusiven Zougang zu eisen IT Servicer inklusive 24x7 Systemverwaltung, Sécherheetsléisungen, illimitéiertem Remote Support a gratis Ofhuelen & Liwwerung fir all Kaf oder Reparatur. Ausserdeem kritt Dir 5% op all Akaf! 1 einfache Package zu 1 einfache Präis pro Apparat a virun allem keng Imprevuë méi!

299€ / Joer

Pro Computer

Exklusiven Zougang zu eisen IT Servicer
CRW Managed AntiVirus a Web Schutz
Illimitéierten & verschlësselten Dokumentebackup abegraff
24x7 System Iwwerwaachung & Ennerhalt
Updateverwaltung (Windows + Apps)
1 Cleanup pro Mount (Valeur >1400€)
1 Rapport pro Mount
Illimitéierten Remotesupport
Gratis Ofhuelen + Liwwerung vu Wuer
5% Remise op Neiwuer
Ënnerstëtzten Plattformen: Windows, macOS, Linux

Staffelpräisser fannt Dir an eisem Bestellformulaire

Personaliséiert Computeren

Hutt Dir vun eise personaliséierte Computeren héieren, déi mat enger 3-Joer Hardware Garantie kommen? Vun Office Computeren bis performant Workstations bauen mir ëmmer de richtege PC fir Är Bedierfnesser a konfiguréieren d'Betriebssystem ëmmer optimal no Stand vun der Technik.
D'Konzeptioun an d'Hierstellung vu personaliséierte Computeren war de Grondsteen vun eiser Firma. Mir gesinn dëst weiderhin als Konscht vun eis a féieren dëst och weider.
Wann dir eng Offer wëllt kréien da fëllt w.e.g dëse Formulaire aus.
Personaliséierte PC ufroen