Geschicht

Am Abrëll 2021 gëtt CRW schonn 10 Joer al!

  • 2008

    Hai-Computers UG

    Den Ufank ...

    Mat enger grousser Leidenschaft fir Computeren, hat ech, Robert Weydert, schonn ëmmer e grousse Wonsch: Eng Computerfirma ze grënnen. Däitschland war zu deem Zäitpunkt de méi einfachen a gënschtegsten Standuert fir dëst ze bewierkstellegen. Mäin Entschloss war gefaasst: Zu Köln hunn ech d'Firma Hai-Computers UG, als 1-Mann-Betrib gegrënnt.

  • 2011

    CRW

    Grënnung vun CRW

    Den 01.04.2011 hunn ech CRW - Computers by Robert Weydert zu Jonglënster gegrënnt. Mäin Ziel: mech weiderentwéckelen an d'Firma virubréngen. Wat an der Garage bei mir doheem ugefaangen huet, huet sech dank vill Aarbecht an Initiativ geschwënn zu engem erfollegräiche Betrib entwéckelt.

  • 2015

    De Shop

    Shop Ouverture

    Doheem ass et schnell ze enk ginn, zemools wou déi éischt Mataarbechter komm sinn. Eist Team huet méi Plaz gebraucht also hu mer eis no eppes méi Groussem ëmkuckt. Prompt si mer an der Laangwiss 2 zu Jonglënster fündeg ginn. Hei hu mer am Mee 2015 e Geschäft opgemaach. Doduerch sinn ëmmer méi Clienten komm an CRW gouf ëmmer méi bekannt.

  • 2018

    Zousätzleche Büro

    2. Büro

    No 3 erfollegräiche Joren a mat wuessendem Team a neie Servicer, ass de Bürosraum am Geschäft ze kleng ginn. Zoufällegerweis sinn dee Moment Büroen an der ZA Um Lënster Bierg entstane wou mer direkt e Büro konnte lounen a bezéien. Vun hei aus ginn eis B2B Geschäftsclienten bedéngt.

  • 2020

    CRW 2.0

    CRW 2.0

    Am Joer 2020 hu mer CRW nei erfonnt! Eist Geschäft an der Laangwiss 2 gëtt zougemaach a mir bidden vun elo un eise Privatcliente en absolut eenzegaartege Service un mam Numm: 'CRW RMS (Remote Managed Services'. Méi dozou ënnert: CRW RMS