Businessclienten

Äert komplett ausgelagert IT-Departement mat 24x7 Iwwerwaachung an Maintenance.

Verwalten IT
CRW bitt sech als Äert ausgelagert IT-Departement un wann et em d'Verwalten vun Ärer ganzer IT-Infrastruktur geet. Mat Hëllef vu moderner Software an Technologie am Allgemengen kënne mir déi meescht IT-Problemer vu wäitem erkennen an och behiewen, éier dat dir am Betrib eppes dovunner mierkt.

Iwwerloosst eis d'IT - sou kënnt Dir Iech op Är Aarbechtsaufgabe konzentréieren.
Maintenance
Computersystemer brauche reegelméisseg eng Maintenance. Wann Är Systemer all Dag lafen wäert et fréier oder spéider zu Problemer kommen.

Deel vun eise 'Managed Services', also eise verwalte Servicer, ass d'Ausféieren vu reegelméissegen Kontrollen an d'Maintenance vun all Äre Geräter. Nëmmen esou kann alles reiwungslos lafen an dir kënnt Iech op Är eigentlech Aarbecht konzentréieren.

Mir verschécken all Mount e liicht verständleche Rapport deen ausseet wat am Mount fir Iech am Hannergrond geschafft gouf.
IT-Sécherheet
D'Sécherheet ass definitiv de wichtegsten Aspekt vun all IT-Infrastruktur. D'Bedreeungen fir Computeren a Netzwierker entwéckelen sech all dag op e Neits, doduerch gëtt d'Ofsécheren vun Ärer Aarbecht zur Erausfuerderung.

CRW benotzt K.I. Cloud-Technologien mat intelligenten Erkennungsmechanismen fir des Bedreeungen am Viraus ze erkennen, sou dat se guernet réischt zu Ärem Problem kënne ginn.

Mir kombinéieren des Technologien mat den traditionellen Sécherheetsmoossnamen wéi zB. DNS-Filteren oder signaturbaséiertem Antivirus fir Iech eng gréisstméiglecht an ëmfaassend Sécherheetsléisung zesummen ze stellen.
Helpdesk
Als Äert ausgelagert IT-Departement sti mir Iech bei all Fro a Problem zur Verfügung. Sief et en einfache Problem wéi d'Opmaache vun engem Dokument wat net geet oder d'Ënnerstëtzung beim Léise vu komplexen Aarbechtsofleef.

Mir kënnen per Remote Zougrëff oder sur Place intervenéieren.
Netzwierk-Infrastruktur
D'Opstellen a Verwalten vun enger Netzwierk-Infrastruktur brauch en ausféierleche Plang. Eis laangjäreg Erfarung mat ënnerschiddleche Betriber erméiglecht eis et, de beschten Installatiounstyp fir Iech ze entwéckelen. Mat Hëllef vun handausgeliëse Marken kënne mir e breed Spektrum un effizienten kabelgebonnenen oder kabellosen Netzwierker schaafen.

D'Haapterausfuerderung ass et awer, Äert Netzwierk sécher a reiwungslos um Lafen ze halen. Mir benotzen nëmmen déi bescht Tools fir Äert Netzwierk ronderëm d'Auer ze iwwerwaachen an ze sécheren. Mir hunn en automatescht Warnsystem wat Geforen erkennt an eis se direkt matdeelt. Zousätzlech maache mir reegelméisseg Sécherheets- an Leeschtungstests fir sécherzestellen dass alles esou leeft wéi et soll.
24x7 Monitoring
D'Iwwerwaachung, och nach de Monitoring genannt, vun Ärer IT ass en Haaptbestanddeel vun eise verwalte Servicer. Computeren an déi entspriechend Technologien spillen eng wesentlech Roll an alle Betriber, dofir sollten des net Är eigentlech Aarbecht behënneren oder dofir suergen dat dir Iech musst Gedanke maachen.

CRW huet hei d'Léisung: Andeems mir den Zoustand vun alle Geräter iwwerwaachen, kënne mir Problemer rechtzäiteg erkennen a Schlëmmeres verhënneren.

Natierlech schaffe mer hei ganz no GDPR.
Backup
Individuell Backupléisungen gehéieren zu eise Stäerkten. Andeems mer lokal an extern Backups kombinéieren, kënne mer hei op Nummer Sécher goen dat Ären Donnéeen näischt geschitt. Zousätzlech teste mir d'Zréckspille vun den Donnéeen an iwwerwaachen de Status vun de Sécherungen.

Ob dir elo Windows, Mac, Linux, virtuell Maschinnen oder Cloud-Servicer wéi zB Microsoft 365 oder Google G Suite benotzt - mir bidden de Backup-System dofir.
Cloud Léisungen
Hautdesdaags schafft een net nëmmen méi op engem Gerät mee op villen. An dat zu all Zäit an iwwerall.

Gemeinsam un Dokumenter schaffen, Kalenner déi een ënnerteneen deelt, sou wéi gedeelte Kontakter an E-Mailen mat modernstem Antivirus, Antispam an Archivsystem, sou wéi intern Chat-Léisungen sinn nëmmen e puer Léisungen déi CRW ubidde kann.

Mir schaffe permanent dodrun eist Angebot ze erweideren an fir Iech déi bescht Tools ze fannen. Eenzegaarteg bei eis ass eis aktuell 'AppAnywhere' Offer, woumat mer Software déi u sech lokal misst lafen, kënnen an d'Cloud huelen fir se vun iwwerall aus kënnen ze benotzen.
Projektmanagement
CRW huet eng laangjäreg Erfarung am Beräich Verkaf, Installatioun, Reparatur an Oprëschte vun IT-Infrastrukturen, sou wéi an der Clients-Betreiung. Mir hunn eis mat lokale Partner zesummegedoen an de Beräicher Elektro/Glasfaser Verkablung, Kommunikatioun, Websäiten, Corporate Identities, Print/Scan Systemer a souguer Innenarchitektur a Bürosausstattungen fir eist Angebot komplett ze maachen.

CRW ass Är Ulafstell fir är zukünfteg Projet'en.
Internet & VOIP
Keng Aarbechtsplaz wier voll funktiounsfäeg ouni Internet a professioneller Cloud-Telefonszentral.

Mir hunn eis mat dem Nummer 1 VOIP an Internet Service Provider vu Lëtzebuerg zesummegedoen fir Iech fantastesch Telefonen a Glasfaser Internet zu onschlagbare Präisser ubidden ze kënnen.