Wëllkomm bei CRW
CRW (Computers by Robert Weydert) ass e sougenannten 'Managed Services Provider' a Computerhiersteller zu Lëtzebuerg. Als 'Managed Services Provider' bidde mir Ärem Betrib All-In-One Solutiounen un fir Är komplett IT-Infrastruktur ze verwalten. Ausserdeem stelle mir individuell konzipéiert Computeren hier déi exakt op Är Besoinen passen, sief et CAD Uwendungen, 3D Rendering oder einfach Office Aufgaben.

Servicer
IT GERANCE
Proaktiv All-In-One Solutiounen fir Är IT ofzesécheren, ze ënnerstëtzen an ze optiméieren
BACKUP
Verschlësselt Backups, lokal an an eisen Datenzenteren
24X7 MONITORING
Problemer erkennen, éier se zum kompletten Ausfall féieren
CLOUD LÉISUNGEN
Är Software a Kollaboratiounsdéngschter, ëmmer an iwwerall verfügbar
IT-SÉCHERHEET
K.I. baséierte Schutz mat intelligenten Erkennungsmechanismen
PROJEKTMANAGEMENT
Zesumme mat eise Partner brénge mer Äre Betrib op de nächste Level

Wéi mir schaffen
Eng perséinlech Relatioun zu eise Clienten ass fir eis essentiell. Mir gleewen drun dat ee fir d'1. muss verstoen mat wiem ee schafft fir de beschtméiglechen Support kënnen unzebidden. Mat CRW kent der sécher sinn, ëmmer déi bescht Solutioun fir Äre Budget ze kréien an dat der net fir Produkter bezuelt déi der guer net braucht oder net wëllt. All eis Computeren sinn zu Lëtzebuerg hiergestallt mat nëmmen de beschte Komponenten a kommen standardméisseg mat 3 Joer Garantie.