Servicer

272530_234178846616606_112059978828494_760243_3053523_o

Fir Iech e séieren, einfachen a perséinlechen Service ze bidden, kënnen all eis Servicer bei Iech doheem ausgefouert ginn. Mir bidden e Service a ville Beräicher un, ënner anerem:

 

  • Individuell gebaute Computer ugepasst un Är Bedierfnesser, Är Wënsch an Äre Budget ( kuckt ënner „ Shop“)
  • Computer-Reparatur bei Iech doheem. Mir komme bei Iech Heem a flecken an/oder ersetzen all Komponenten fir datt Äre Computer erëm leeft. Sollt d’Reparatur allerdéngs méi kaschten ewéi de Computer nach wäert ass, berode mir Iech gär fir déi bescht Léisung fir Iech ze fannen. (Déi meescht Problemer sinn an enger Stonn geléist)
  • Reparatur op Distanz mat der CRW-Support@Home Applikatioun (klickt hei fier méi Informatiounen an Download). En einfachen an effiziente Wee fir eis ëm Är kleng Computerproblemer ze bekëmmeren (ewéi zum Beispill d’Ewechmaache vun engem Virus), séier a sécher iwwer Internet. Dir kënnt eis kontaktéiere fir méi heiriwwer gewuer ze ginn.
  • Reparatur bei CRW am Atelier
  • Verkaf, Installatioun an Liwwerung vu Laptop’en.
  • iPhone/iPad/iPod/Smartphone an Tablet Reparatur
  • Computer Tuning: Ass Äre Computer ze lues, blockéiert en oder stierzt e bestänneg of? Mir komme gär laanscht a kucken derno.
  • Re-Installatioun vum Windows mat Backup (Sécheren) vun all Ären Dateien.
  • Digital data recovery: Wann Dir irrtëmlecherweis wichteg Dateie geläscht hutt oder wichteg Date verluer gaange sinn, brénge mir dës Informatiounen zeréck op Är Festplack.
  • Eliminatioun vun all Virus a Spyware
  • Iwwerdroe vun all Ären Dateien op Ären neie Computer, esou datt näischt verluer geet.
  • Konfiguratioun vun ärem Router inklusiv NAS Server
  • Erweiderung vum Kabel/Wireless Netzwierk (Router/Powerline/Repeater/Access Points/Public+Guest WiFi)
  • Managed IT Services (Monitoring, secure offsite backup, domain+mail+webhosting, server maintenance, leasing, etc.)

Fir all anere Service, zéckt net eis ze kontaktéieren.