Iwwer eis

AMG_4264

CRW ass e Betrib mat Sëtz zu Lëtzebuerg dee Computeren zesummebaut a reparéiert. Mir baue Computeren op d’Mooss a këmmeren eis am ganze Land ëm Reparaturen, Tuning an aner Servicer.

CRW gouf 2010 gegrënnt fir eng Alternativ ze bidden zu de Computeren déi a Massë produzéiert ginn an an de Geschäfter ze kréie sinn.

E Computer ass eppes perséinleches, jiddereen benotzt en anescht an huet aner Erwaardunge wat d’Leeschtung ugeet. Ob Dir Äre Computer benotzt fir um Internet ze surfen oder fir Dokumenter ze schreiwen, ob Dir gär Computerspiller spillt oder ob Dir e séieren, rouegen an zouverléissege Computer braucht fir Är Aarbecht, CRW bidd Iech eng éierlech Berodung un an e personaliséierte Computer deen Ären Uspréch ugepasst ass.

Mir vun CRW versécheren Iech ëmmer dat Bescht unzebidden, ënner Betruecht vun Ärem Budget. Bei CRW bezuelt Dir net fir eppes dat Dir net braucht oder wëllt. Dofir gëtt all CRW Computer vun Hand zu Lëtzebuerg gebaut an nëmme mat de beschten Deeler vum Maart.

CRW steet fir Individualitéit, Qualitéit a personaliséierte Service !

Den CRW Reparatur-Service bidd Iech e séieren, zouverléissegen an éierleche Service un an dat bei Iech doheem.Wann Äre Computer Iech am Stach léisst, komme mir gäre laanscht fir eis ëm de Problem ze këmmeren an Är Maschinn esou séier ewéi méiglech erëm an d’Rei ze setzen.

Robert Weydert

PS: Ech schwätzen Lëtzebuergesch, Englesch, Däitsch a Franséisch. + Hollännesch duerch ee vu ménge Mataarbechter.