Firwat CRW?

grink pc
  • All CRW-Computer gëtt zu Lëtzebuerg vun Hand gebaut an dat mat de beschte Komponente vum Maart.
  • Mir offréieren iwwerall am Land gratis Liwwerung, Installatioun an Aféierung an Ären neie CRW-Computer
  • Mir sti fir eng fair an éierlech Berodung. CRW bidd e perséinleche Service un an en individualiséierte Computer ugepasst un Är Uspréch an Är Wënsch.
  • Eise Schwéierpunkt besteet doran déi beschte Qualitéit ze liwweren an datt Dir ni fir eppes bezuelt wat Dir net braucht oder wëllt.
  • Mir komme bei Iech fir all Reparatur an all Service. Dir braucht ni Äre Computer bei eis ze schécken oder laanscht ze bréngen. Mir këmmeren eis bei Iech doheem ëm de Problem.
  • Mir versécheren eng Standard-Garantie vun 2 Joer op all CRW-Computer an bis zu 5 Joer op verschidde Computer.
  • An den éischten 30 Deeg nom Akaf vun Ärem CRW-Computer, komme mir ouni Onkäschte bei Iech wann dir e Problem mat Ärem CRW-Computer hutt.
  • Mir benotzen nëmmen déi beschte Marken um Maart a bréngen eis Komponenten ëmmer op deen neiste Stand, fir datt mir Iech ëmmer dat Bescht vum Beschte kënne bidden.
  • Op all CRW-Computer ass eng gratis Anti-Virus Software installéiert.
  • All eis Computere kënnen opgebessert ginn. Wëllt Dir méi aus Ärem Computer eraushuelen, da kënne mir eenzel Deeler vun Ärem Computer norëschten, esou datt Dir net onbedéngt en neie Computer ze kafen braucht.
  • Mat CRW ginn Är Dateien ni verluer. Wann Dir en neie Computer bei eis kaaft oder wann dir eng nei Versioun vu Windows wëllt, iwwerspille mir all Är al Dateien op de PC.
  • All CRW-Computer huet zwou getrennte Späicher-Festplacken op deenen Är Dateien automatesch ofgeséchert ginn. Am Fall wou eng Festplack ausfält, sinn all Är Dateien och op där zweeter Festplack gespäichert.
  • CRW huet säin eegene Kill-System entwéckelt deen de Computer extrem roueg an effizient mécht.